ganz flott serie, mat flotten suraki-kadren ! (sou nennen ech dei elo)
deng sch/w konvertion gefällt mer net, do geiff ech probeieren dat besser ze machen, mechs de eng automatesch b/w funktioun oder manuel ?
bei der läschter as et just schuet dat dei gro Gäns keen Kapp huet !
merci Gaga
ech maachen s/w conversioun manuell aus dem Raw, kanns Du mer méi konkret en Tip gin wou ech do soll änneren, ech schaffen réischt e puer Méint doran a si dankbar fir all Hëllef
Di läscht huet mir grad gudd gefall, well di 2 Gänsen sou an opposéiert Richtunge kucken, wi wann se op e Schëff géinge waarden, ech hun se och nach vun e bessi mi säitlech do gesäit een de Schniewel dann, mee do ass dann dat opposéiert kucken nët sou krass
also ech wees net ob ech der do vill kann hellefen, ech huelen emmer den ebeneneffekt sch/w am PS.
Dann eben kucken dats de dei bescht meiglech kontraster kriss, et soll ememr den hellsten deel wierklech weiss sin, an den deichtersten och richteg schwarz. soss hues de sou en groen mitsch-matsch.
du kanns och mam sch/w layer einfach deng kontraster am Bild sou stellen wei et der gefällt an dann mam "Tonwertkorrektur" t'Scharz an Weisswerter adapteieren.
Hei gin et awer nach Expert'en dei der daat vill besser erklären kennen !
merci Dirk, kanns de mer vläicht e klengen Tip do gin
ass ze vill Schwaarz dran, soll ech Kontraster erop sëtzen, ech schaffen mat camera raw am pse8, mee sin do nach ufänger a dankbar fir all gudde Rotschlo
kennt mer vier wei wanns de se schons ersaat haess. vlaicht haat ech geschter komesch gekuckt. Op allefall as et schon mool super wanns de mat raw schaffs. Wou's de muss drop oppassen as dass de mat kontrast erheigen net d'detailer an den schieter verleiers. Am ufank as een vlaicht beandrockt vun staarken kontraster mais op dauer steiert et d'aan wann dei daischter deeler vun der foto ganz schwaarz sin. Kontrast as emmer gudd mais du mus ufaenken opzepassen wann et ob kaeschten vun detailer geet...
Fotografesch gekuckt gefält di 3. mir am Beschten, an emotional gekuckt di 4: eng al Koppel, net dass si sech näischt méi ze soen hätten, mais... si passen op sech op.
Gefält mir super deng Serie, Michèle, och wann een iwwert dat "Technescht" kann diskutéieren.
Schéin Impressiounen, wann och nët esou schéi fir déi betraffene Leit, mee dat huet näischt mat de Biller ze din. Däi Format hues de gutt agesaat, besonnesch bei 2 an 3 (ok, an 4).