Super Iddi a tip top ëmm gesaat!
Pose, Faarwen, Location an de Schnéi, alles passt perfekt beieneen. Gudd geschafft, ech hoffen just däi Model huet sech nët erkaalt
Wonnerbar! Do fänkt d'Joer mol gudd un!
Gratulatioun! Muss en flotten Shooting geweese sen.
Wei een Objektiv has de hei ob denger D700 wann ech froen darf?
Déi hat ech verpasst.
Wann ech dee coolen Titel vu Sweet 'Love is like oxygen' liicht verbéien:
Life "is like oxygen
You get too much you get too high
Not enough and you're gonna die"
Life "gets you high"
beschreiwen ech déi Stëmmung, déi mir an de Sënn kënnt, wann ech däi Bild kucken. Super!
schléissen mech all den komplimenter un ... XLNT !
Idee, Ëmsetzung, Faarwen, Model, an dann dem Model säin quasi Professionalismus fir esou am Schnéi wéi um Strand ze stoen :O
ech wees Schnéi ass Schnéi, an all déi Schnéi-Pinktelcher am Gesiicht sin gutt gefall/gerooden (zoufällegerweis) ...
just, deemno firwaat dass du dëss Foto gebrauchs, kéinst du eventuell jo och deen Schnéi"fleck" op der Lëpps an deen op der Nues (ass awer deen léifsten vun se all) ewegpinselen ... deen op der Lëpps kéint matt engem Herpes-patch verwiesselt gin
daat ass awer elo just beauty-glam- Gepiddels,
well ech géing se och esou ganz gutt (an natierlech natierlech) fannen wann se an eng Zeitung kéim