Jo, déi eischt ass besser. Bei deser hues du Ghosting an den Blieder vun der Palm an daat stéiert immens well déi grad op enger ongenschteger Platz vum Schnett sin. Soss awer, wéi bei der aanerer... een ganz schéinen Sonnenennergang.
... do kann é wuel mache nix wa Wand ass. De Photomatix huet zwar eng Funktioun fiir daat ze ënnerbannen, (wann ech mech richteg errënneren...) so richteg schéint daat awer nët ze klappen. Hues de do eventuell en tuyau...?
Nee, daat klappt och net richteg mam Photomatix. Ech probéieren heinsdo déi selwescht Foto mat denen zwou Methoden emzewandeln (eng Kéier: By correcting horizontal and vertical shifts; eng Kéier: By matching features). An dann leen ech déi zwou Fotoen iwerteneen an huelen mir daat bescht eraus. Daat klappt ganz gudd bei Wolleken. Heinsdo hun ech dann bei enger Landschaft op der enger Foto d'Wolleken iwerteneen an d'Landschaft voll Ghosting, an bei der aanerer ass et emgedréint. Duerno leen ech se einfach am PS iwerteneen an huelen daat bescht vun beiden Fotoen.
Du kanns awer och vun der Foto op der d'Palm am beschten Beliicht ass een Pseudo HDR machen, an dann den Pseudo-HDR iwert desst Bild leen an mat enger Mask just d'Palm eraushuelen. Op enger eenzelner Foto ass se jo och roueg. Daat kéint hei klappen well d'Palm jo net an der Sonn ass an op deser Platz den Kontrastempfang misst duer goen fir een korrekten Pseudo-HDR ze machen.
Et geht awer baal nie ouni gepiddels wann sech eppes am Bild bewegt.
Merci fiir déi ausféierlech Äntwert... ët gët eigentlech fiir all Problem eng Léisung, d'Fro ass just wéivill Gepiddels é perséinlech berét ass ze maachen... ass nët ëmmer onbedingt ëpes fiir bequemer (sou wéi ech)...
De Prinzip wär jo dann esou wéi hei: Contrejour
Ët huet elo näischt mat HDR ze din. D'Ausgangsbasis war eng RAW file, dovun hun ech 2 Versiounen "entwëckelt"; eng mat kräftegem Himmel an déi aaner mat korrektem VG an mat enger Mask zesumme gesaat...
Jo, d'Grondprinzip wier dann daat selwescht. Also, dat selwescht Bild mat verschiddenen Veraarbeschtungen mat enger Mask iwerteneen ze leen, an vun all Versioun daat bescht erauszehuelen. Den Owend lueden ech eng Foto erop wou ech daat emgesaat hun, wéi ech et virdrun beschriwen hat.
° zB vun der Kompositioun hier: den Baam deen sech vir leet fir, dass mir den Panorama besser betruechten kennen
--> an deser ass déi poulriicht Palm am Wee (haat schon baal p*al*sch Palm geschriwen :-( )
° zB vun den Faarwen hier: liicht méi natierlech
--> an deser gesait et aus wéi wann den Eyjafjallajökull (jo, ech kann deen Numm ouni Fehler schreiwen an ausschwaetzen! ) seng Aeschen hei verstreet haett, dh et ass zimmlech gro, an esou stellen ech mir eng (Karibik?)Plage net vir
° zB den Cadrage: alles ass schéin gefellt, an all Element wéi dohinner plazéiert an zwar op déi richteg Plaazen, esouguer Horizont deelt d'Bild schéin an
--> an deser stéieren mech déi puer kleng an méi grous Palmenwimperen an Horizont ass méi metteg
° zB déi meschlech Komponent: keen Mensch wait an breet virun der Cam, esou wéi een sech eng Insel eben virstellt
--> an deser stin déi 2 Statisten esou zimmlech onéquilibréiert am Bild (hun sie Strait matteneen, )
voilà, voilà
alles in allem, schéin Biller, awer daat éischt nach am beschten
soss fir den Rescht sin ech weider immens jalous, dass du emmer an esou schéin Géigenden an Missioun geschéckt gess ... "kraisch"
Ech kann der eigentlech nëmmen zoustëmmen an dengen Ausféierungen viirwaat déi éischt besser ass wéi déi hei... à propos, bass du eventuell islännescher Oofstammung dass dé den Eyjafjalladingsbums esou wuel am Wuert wéi och an der Schrëft perfekt beherrschs...? (staun staun...)
Déi jamaikanesch Stränn si nët esou besonnesch am Verglach mat de Stränn vun aaneren Karibikinselen... de Sand gesäit wiirklech ë bëssen gro aus, zumols wann d'Sonn déif steht an ausserdem nerven dann d'Sandfléih zimlech...
D'Madame schléeft mech ëmmer op déi Missiounen, obschons d'Tropeklima mer guer nët zouséet, mais hier ass ët nie waarm genuch... oO. Gott sei Dank haalen d'Këschten sech a moossen, well sie nët nëmmen wées wou éen gënschteg un Christian L. Galoschen kënnt, mais och wéi éen ë Karibiktrip ka maachen zum Präis vun engem Openthalt op der belscher Plage...