"wahnsinns flotte Porträt"... ha... de Kolléch wéss nach näischt vu sengem Glëck dass ën hei veréiwegt ass... ët war eigentlech just e Schnappschoss aus dem Handgelenk eraus... ouni mise en scène...
sorry, ech entschellegen mech , mais kann een mer erklàren ?????
ech checken et net !
wann ech elo mol därf soen waat ech gesin :
- keng diagonal
- horizont as schief
- thema ?
also den DOF as ze erkennen an den 2/3 kadrage mais ... waat mecht se zum super portrait ?
also ech gestoen ganz kloer dat et un mierleit net un der foto, well dei leit dei hei elo gepost hun se wier gut, deenen gleewen ech zu 100% !
mais ech verstin et net !
klärt een mech op ? wier ganz gespaant daat ze heieren !
D'Spontanéitéit an d'Ausdrockskraft vum Portrait. Do ass neischt poséiertes drun. Den Cadrage ass gelongen an zielt eng Geschicht an den Bleck vum Här ass wonnerbar natierlech, genau sou wéi wann heen nach keng Zeit gehaat hätt sech op d'Foto virzebereeden.
D'Foto verleed een dozou sech gedanken ze machen iwert déi ganz Situatioun well een dodurch matzen an eng spontan Szene eranprojezéiert get an irgendwéi kann drun Deel huelen an awer emmer Froen opbleiwen. Wéi daat sou oft ass bei gudden Streetfotoen.
Edit: Ech wees net ob den Horizont wirklech schief ass, oder ob d'Feld an enger Pente ass. Dofir geseit een net genuch dovun, gief ech soen.
An d'Thema muss den Betrachter sech bei deser Foto selwer zesummenspannen. Daat ass daat waat d'Foto an mengen Ae ausmecht.
Ok, merci fier t'eier!
Als eislecker as den neien stil secherlech welkom,hei gin et jo genuch felder,an an den stroossen as jo net sou fill lass!
Wert mer elo gummis stiwelen kaafen goen an duerch t'felder zeien!