Gei daat do! Hun elo net méi dozou ze soen. Hoffen dass mein Kommentar awer "Produktiv" ass....
Edit: Blöd dass een Sondegs d'Foto net fir d'Foto vun der Woch kann virschloen.... grrrrrr
Ah, Merci, daat wosst ech mol net. Ech hun gemengt dass een déi Fotoen déi Sondegs eropgelueden gin net kann an d'Wochenoofstemmung setzen. Et léiert een all Daag bei.
ech bezweiflen dass Gloda sech mat 3D-Design auskennt....allerdings trauen ech em zu 100% zou dest mat enger Täscheluuscht, puer Faarwfilteren an bessi Gedolt ESOU op dBeen gestallt ze hun......
Et ass just, Ech hun schwieregkeeten et als Foto unzegesinn. Daat enzesch waat Reel schengt sin déi metall Gitter vum Flipper; de rescht erennert mech un Computerspiel 3D Effekter. Mee als Bild ass et flott.
Op méngen Blog (Link uewen) gesäis de ënnert anerem d'Foto wéi se direkt aus dem Apparat ausgesin huet, an wat ech nach am Photoshop dru gemaach hun. Déi 3D Effekter sin och schon während der Opnahm entstanen.
Hun mer déin Tutorial emol ugekuckt.
Ganz interessant ass en op Alle Fall...super Iddi.
Ech stelle mer just emmer existenzial Froen wou d'Limiten vun der Photographie ereecht sin an d'Computer-Bildgestaltung ufänkt.
Di weinigst hun e Studio, an nach vill manner, wann si dann trotzdem een haetten, hun dann och nach e Flipper dra stoen.
Deng Foto gefaellt mir awer gudd, a wei geif de BlackPanther soen: si huet Epps.
Epps huet se
Merci Mat der Kategorie Studio wollt ech just soen dass se doheem gema gouf, e Studio hun ech u sech och net. A wat de Flipper ubelaangt... am Making of gesäis de deen eemol vu baussen
Hei gouf schon alles gesot!
Ech sinn ëmmer nees vun dengen originellen Ideeën beandrockt a besonnesch vun der Art a Weis wéi's du déi Ideeën dann och ëmzesetzen weess! Kompliment!!!