Ech hätt just d'Reflektiounen an den Fensteren eräusgeholl, an déi bessen mei grouss ënnert der Fënster hannen (net d'Heckscheiw, mee déi Fenster vum Récksëtz), an déi aner kleng vun Luuchten hätt ech dragelooss. Mee och sou ass et eng ganz schéi Foto, an eng immens propper Aarbecht wéi ech fannen. Daat eenzegt ass vläicht, dass de häss kënne probéiren d'Stroosseluucht net matt drop ze kréien.