tiptop déi dooten !!
... mir gefällt deen ton-sur-ton ... däin Schnëtt ... däin Opbau ... an natierlech déi Beweegungsonschärft ... ganz flott mat och der sëlwer ähnlecher Haut
(mee kann se nët méi laang unkucken ... sorry ... ... ass wéi mat den Spannen !! ... an esouguer nach méi schlëmm!! ... wann ech dann och nach gesin wéi rapid déi ass ... nö, nö ... byebye ... wollt dir daat just schnell soen ... und husch und weg, ech och! ...)
ok dann awa schnell weg well den sammy huet zwar reicht 12 joer mee féchs as en definitiv as awa eng leif schlange !
thanks fir dain comment! an freet mech dass si dir gefällt!
Majo dann! Di dote verdingt Respekt. Wëlls du elo eng typesch Nicon07-Analyse? ( Et as mer awer irgendwéi ze gudd komm, datt ech op 7e eemol als Strof an der Ed. art. eng Bildbeschreiwung vun dem Van Gogh sénger "Kirche von Auvers" ze schreiwen hat! ) .((
Also: Bildopbau= klassesch, dat heescht gudd. Diagonalen, 1 eng durch d'Steng vu lénks uëwen no rechts ënnen (as zu gläicher Zäit eng motivesch Spigelung an eng Diagonal vu lénks ënnen no rechts uëwen, déi séch op der Intersektioun vun der aaler Haut an der Schlaang "virtuell" mécht.
Dynamik as gudd: lénks Halschent vum Bild as éischter roueg (vun der Bewegung hier, net vum Motif) a rechts as Bewegung dran (Schlaang déi fort düst) [Zwëschefro: as déi och a Wiirklechkeet esou TGV-méisseg ënnerwee, oder as dat just durch di laang Beliichtungszäit esou ssssssingngngngng?)
Farwen: Ton in Ton ouni friëm Farw, déi dat ganzt stéiere kéim. (Su am Sënn: knallroud Plastiksdrénkfläsch, déi nach vun irgendwou an d'Bild hänkt.. (sou "Dommheete" gin dacks iwwersin)
Eng Saach stéiert méch just e bessi: Dat Briëd wat uëwe rechts den Ofschloss mécht. Irgendwéi wierkt et fir méch e bessen disproportionnéiert zum Räscht, oder awer et as net onscharf genuch. Wat mengt de Kwitchibo dozou? Hien huët jo och een exzellent Aa fir sou Saachen.
Fazit: eng gelongen (net gelungen!) Déierefoto, di bestécht durch hir Originalitéit.
Fuër roueg weider esou: Du bass scho längst um richtege fotografesche Wee. An deen, deen dir zur Säit steet, bréngt déch ganz sécher weider op dem Wee.
Majo majo...haat mir schon dain comment su ähnlech firgestallt also vun der analyse hier
Also den Bildopbau...ech wollt amfong eng Foto maan wou ech dem Sammy séng aal an nei Haut drop hätt ...hun och eng Photo wou di aal an di nei Haut scharf drop sin (kann dir dei mailen falls de interesse hues...) mee di dooten huet mir am Endeffekt besser gefall!
jo den Sammy as zwar net deen luesten mee TGV as en och net !beliichtungszait dofir as hien su féchs
jo zu der "saach" wou dech stéiert as amfong kee Briet mee su eppes "pseudo-baam-méisseges" waat een öfters an engem Terrarium begéint den Sammy krengelt sech heinsdo dorondrem an jo seng aal Haut hung do !
jo waat den Kwitchibo mengt..hmmm..jo feelt na en Comment seger saits hien wärt sech do wahrscheinlech na selwer äusseren
Majo freet mech awa sou en sprezisen Comment ze kréien an dass dir dFoto gefall huet freet mech och
Villmols MErci an jo hoffen wärt an Zukunft mol leieren mat der komescher D2H emzegoen
Eng D2H? Majo, dovunner dreemen ech nëmmen. Ech kéint mir se zwar leeschten, mais ech traue méch net sou richteg dodrun. Dofir hun ech jo och "nëmmen" eng D80 kaaft firun engem Mound. )
.. Natiirléch därfs du mir di "scharf" Foto mailen.
Villmols merci fir dain Kommentar! jo daat "Briet" waat amfong kee Briet as mee en , wei ech dem Nicon07 schon soot, pseudo-baam deen am Terrarium wor...as leider net main Terrarium...mee kann sin dass dir recht hud
bei geleegenheet probeieren ech dann vlait na eng Kéier
achso...elo kommen ech reicht no....jojo riets a lenks...misst een na ennerscheeden kennen ...lol...jo mee as trotzdeem keng hëlze plak dann as eng gliese Sait aus dem Terrarium an daat brongt as den hannergrond falls meng erennerungen mech net täuschen
Also mäi Respekt fir déng éischt Foto hei um Site!
Den Niconn07 huet daat super analyséiert. Mee daat Briet hannen als Hannergrond stéiert mech nët, vu que dass et an der Farw tiptop zum Rescht passt. Wirklech flott.
Ech géng soen et wier keng TGV-Schlang, daat kënnt just duerch Belichtungszäit
Merci sin deck frou dass dir meng Foto gud fannt )!
jo dem nicon07 seng analyse wor schon interessant mech steiert deen Pseudobaam (an net Bried ) och elo net sou mee daat as den berümtenen Affaire de Gout
sou... dann schreiwen ech der lo awa eppes dran... obwuel ech huddelaafatz sin... krkr...
Mjo... d'foto gefällt mer zimmlech gudd, well eischtens brong dra vertrueden ass (eg vun mengen lieblings-faawen), an se dynamesch ass, an well ech schlaangen iwert alles gäeren hun, an well et mol en aaneren point de vue vun der schlaang ass... ass wiekrlech eng flott foto...
also : ECH sin keen immensen SammyFAN mee et as nawell flott dei aal schlang op engen Bild zehun zemols deng wirklech Dynamesch as an geseit aus wei wann durch Zentrifugalkraft seng Häutung op den BAAMSTAMM geschos hät!!aua...
zum TECH....: mmh mengen wann den Blend mei zou gewirscht wär den Steng an Haut nach besser....
fir de recht weider maan FOTOEN PS LIGHTROOM ....beileiren as ugesoot net meckeren....
pas mal 1 FOTO!! beweis eis elo das et net eng Eintagsfliege war!!
ech hun Foto net gemach... neenee daat wars DU!! hun dir nemmen eng grond astellung gemach de recht as jo dei Style!! daat wier jo ze einfach mein leift Kanufla!
jo neeen daat hunch jo net gemengt...main leiwen kwitchibo(hahahahahah) nee wollt amfong soen dass du endscheeds op ech eintagsfliege sin oder net...well ouni Cam keng Pix...sou einfa as et...
A jo, et ass jo wouer, du bass dat mat (am Moment, hoffen ech emol) nemmen enger eenzeger eropgeluedener Foto
Dat wat photogen un denger Prise hei wär, ass wusch und weg an awer... ass et d´Haut, ass et d'Dynamik vun der Bewegung... also di richteg Entwert wees ech och net, mee et fonktionéiert jo, also....
also dass ech just eng Photo hun as mol 1. well ech keen Material hun...wann dann dem Kwitchibo séng Cam..an elo huet hien eng D2H an dei as complicated!!
jo an 2. hun ech wierklech keng Suen fir mir Material ze kaafen (...armen Student deen eleng wunnt ...)
hmm..also su ganz hun ech dain Kommentar nët verstaan?...waat fonctioneiert??
Schenial.. 't gett soss naeicht dozou ze soen... einfach gudd mat der Schlang an Action, alles am glaeichen Faarwtoun.. *hach* .. Schlangen sinn sou leiw Deieren :p
merci jo mee main frend den kwitchibo haat mir bei der astellung geholef...ech hun mir just den cadrage and motiv rausgesicht an op den knäi gedreckt