ganz schéin Tom, Deng Portraiten sinn einfach an natiirlech, wat mir ganz gudd gefällt,
mäi Fav . ass di véiert, déi drëtt passt net onbedéngt an d'Serie
déi éischt , vläicht ënnen e bessi oofschneiden, well den t-Shirt hängt do nët grad gënschteg, mee d'Gesiicht an d'Liichtstëmmung sinn awer super
e schéine Bonjour un d'Famill
E super Model, wou all Tëpel op senger Haut säi Charme huet. Ausser no3 ( fir mech mussen d'Schëlleren no hannen, an't Brocht eraus) fannen ech se gelongen. Ass just meng perséinlech Meenung. Deet mengen Aen gutt
Erëm immens flott!
Och hei gefält mer d'Natierlechkeet vum Model an d'Dezenz vun denger Veraarbechtung.
Mir gefält 4 am beschten, d'Faarw vun den Hoer an dem Wees passe super beieneen an di blo Karblumme bréngen e bësse Faarw an d'Spill.
( Bei 1 an 2 hunn ech e bësse Problemer mat de laange Grashalmen. )
Daat freet mech wann se dir gefaalen! Nr 4 ass och mäi Favorit. Daat mat de Graashalmen ass AfdG, ech hun daat an engem Workshop geléiert a mir gefällt et.