Kenn mir dat gudd virstellen... En Symbol den vill Lait do awer nostalgesch machen op eng Vergangenhét dei , opschons net dei bescht war an verschiden Momenter (cf Stalin) , awer besser war ewei dei vun haut .
Super! Den éischten Moment hunn ech un d'Kierch zu St. Petersburg geduecht. Awer dann wier et wierklech eng Fro gewiescht wéi's du dës Foto hikritt häss. Do schéngt jo och alles sou flott beliicht ze sinn wéi an der Zarenstaat.
Als Panorama (ënnen e bëssi manner) wier se villäicht (wéi den dr_kim_veis undeit) nach besser.
D'Routlaatz ass wierklech onproblematesch waat d'Beliichtung owens ugeht... Net esou onproblematesch ass wanns de mat Stativ an enger Optik hantéiers déi e bëssen méi voluminös ass, wéi an dësem Fall daat Pentax FA* 2.8/28-70, daat éen FSB Agent op de Plang geruff huet, dé mer ze verstoen gin huet dass ët verbueden ass mat professionellem Geschiir Fotoen op der Rouder Plaatz ze maachen. A Wierklechkeet war e just un der Brennwäit interesséiert, wéi en endlech matkruut huet dass daat Objektiv just bis 70mm geht, do war alles an der Reih.
@ dr_kim_veis & Shantideva... daat mam VG haat ech mer och iwerluecht, wéinst dem Kanaldeckel (ass zwar näischt berauschendes) an der wäisser Lin um Pavé hun ech dann awer esou si geloos...
De Kanaldeckel an di wäiss Linn !
Déi hätt ech och, a kengem Fall, geschnidden.
Wat deng Foto awer esou schéin mécht, Jaycee,
ass dat Gewibbels vun de Läit....(2/1 sec).
An den FSB-man ass éischter vum Stativ ugelackelt ginn, wéi vum Objektiv...
Super Foto.
... oh interessant... daat huet jo zur Standartaustattung an der Berufsspart gehéiert... woraus ech da schléisse muss, dass ech de Ruff hun an du bass (oder wars) ët...
Wollt halt soen, hun gescht Foto scho gesinn an och 23:20 gelies, mee hun mol léiwer näischt geschriwen, well ech duecht do ass eppes aanescht nach waat ech iwersin hätt.