Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pizza amanitana

 
Pizza amanitana
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.10.2012
  • Gekuckt:
    24028
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    450
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    468 KB
  • Originaldatum:
    2012:10:07 20:06:30
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 105mm f/2,8 G Macro
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67291]
Kommentar vum Fotograf:
Wien sou eng Pizza ësst, deem kann et mol zimmléch schlecht gin an ënner Ëmstänn ësst en se nëmmen eemol....
galileo 07.10.2012 - 20:36
smile do si meng hei wahrscheinlech harmlos, wann och nët onbedingt ze empfehlen...mee ech kënnen näischt dovun.

am Bësch....


Maimonides 07.10.2012 - 20:37
Firwaat dann och nach: " phalloïde " ?

closed_eye
Nicon07 07.10.2012 - 20:46
Fliegend Pilzer sin dach awer keng Morchelen! Déch froen ech léiwer net, wann ech ee Pilz net bestëmme kann... tonguebigsmile
galileo 07.10.2012 - 21:07
bigsmile...also de roude mat de wäisse Punkten kënnen ech esou guer. Mee fir de Rescht...effektiv...fro mech léiwer nët bei Pilzen , daat kéint mol schief ausgoën bigsmile
Maimonides 07.10.2012 - 21:44
Dein ass d' "amanita muscaria" ,
an dee gréngen ass d' "amanita phalloides"....
...een esou gëtig wéi deen aaneren.

closed_eye
Nicon07 07.10.2012 - 22:32
Ah! Deen hues du gemengt. Ech hat elo un de Stinkmorchel geduecht: Phallus impudicus.

Iwwregens: Et ass ménger Mamm hire Pilzkenntnisser ze verdanken, datt ech nach di Fotoen hei ka weisen, soss wier ech scho virun bal 40 Joer de Wee an d'Jenseits gaangen. Méng Bomi hat eis nämléch fir z'iessen invitéiert an dofir war se hannert hirt Haus an d'Wiss "Champignone" sammelen. Ee Gléck, datt se se nach net an d^Paan gemaach hat, wi mir bei si koumen, well do huet méng Mamm gesin, datt di "Champignonen" wäiss Lamellen an sou ee charakteristesche Fouss haten. Do hat méng Bomi dach net Amanita virosa gesammelt.

Aiello 07.10.2012 - 20:46
hat gemengt hess zwemol dran gebass cool
Super Foto, nach nie en ze gesinn krut am Besch, wou fennt en sou eppes, also wat sinn firaus setzungen ?
Nicon07 07.10.2012 - 20:47
Si hu sauere Buedem gären, dofir fënnt ee se no bei oder an Tannebescher.

Aiello 07.10.2012 - 20:57
ah ok merci...ass jo den Champingnon vun den Champignoen Optesch, den muss eng keier virunt Lens cool

Also Dennenbeem...saueren Budem erkennt en wourun ?
Nicon07 07.10.2012 - 21:04
Kuck mol hei beim Kapitel "Vorkommen"...!

http://de.wikipedia.org/wiki/Fliegenpilz
Aiello 07.10.2012 - 21:07
Merci Nicon cool hat se just en erblak virdrun fond
gemu 07.10.2012 - 22:30
Elo passen ech awer besser op wann ech bei den Italiener iessen gin. Flott Opnaam an Titel
Nicon07 07.10.2012 - 22:36
Ech mengen, beim Italiener brauchs du net opzepassen, dee wëllt jo bestëmmt net, datt séng Clienten nëmmen eemol bei hien iesse kommen. Well soss sin him irgendwann d'Clieneten all ausgaangen.... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Halerbaach

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
1 Benotzer an 414 Gäscht online