Merci Gaga, stemmt, di Phila ass vun alle Säite schon opgeholl gin an och vill besser wi ech, hu mech lo mol selwer rugetraut, sin och nach net ganz zefridden. Wollt eigentlech di ganz Serie s/w maachen, mais well an den aaneren sou wéineg Fuarw dranner war haat ech gemengt,... wi gesoot gemengt,.. entretemps hun ech och beigeléiert kruut "Wann Fuerwen net zu enger Foto beidroën, dann soll d'foto s/w sin"
Deen do Deel vun der Philha gefällt mir perséinlech och immens gudd
nr 1 ass mäi Fav
bei 3 fannen ech dd'liicht e bessi vill ausgefriess
bei 4 feelt mer riets einfach e Stéck, an ech hätt och eventuell e bessen dru gezerrt fir méi riicht ze kréien
bei 5 gesin ech net sou richteg eng Idi
jo hu mech mol un di Phila do rugetraut,
nr 1 ass och mäi Favorit
3 stemmt, ech mengen do war d'sonn just hannert de wolleken/oder dernierft, hun do de maximum gemeet, fier do nach eppes rauszekreihen
4 hues recht an och gudd gesinn, mir faellt daat mat der Traap och op elo.
5 jo ech hun di Placken/Linnen sou flott fonnt gehaat, mais weder vun der Phila nach vun de Placken koennt wierklech eppes riwwer, wuel well de bezuch zu der Phila einfach fehlt.
Ech haat di Serie nach guer gesin... Di 3 éischt Fotoen gefaale mer gudd, virun allem bei der éischter fannen ech den Bildopbau immens gudd gelongen! Di 4. fannen ech och na an der Rei, wéinst dem Kontrast tescht den Plaquen an den Traapen, just datt mer d'Traapen uewen zevill geschnidden virkommen... Di 5. schwätzt mech perséinlech manner un Insgesamt awer eng flott Serie!
Och hei merci fir de Feedback, bei der Nr4. mat der oofgeschniddener Traap wees ech och net mei waat ech do gezwafft haat
Mech stéiert daat och dass déi do oofgeschnidde sin, mais ech gi bestëmmt nach eng Kéier dohinner, dann maachen ech et besser/richteg